Autosbrand A6

am 13. Juli 2016.

Um Sonndegmuere vum 10.7.2016 ass de CISMA géint 11 Auer op een Autosbrand op der A6 a Richtung Stad op der Héicht vun der Sortie Briddel geruff ginn. Een Auto stung do a Brand. D'Passagéier konnten sech mat Zäiten a Sécherheet bréngen sou dass kee Blesséierten ze bekloe war. Um Auto entstung Totalschued. Op der Plaz war de CISMA mat 2 Gefierer an d'Police Grand-Ducale.

Et sief drun erënnert dass bei enger Staubildung eng Rettungsgaass ze bilden ass. Dës Rettungsgaass erméiglecht de Rettungsdéngschter an all déi aner Unitéiten déi op enger Akzidentsplaz intervenéieren (Police, Ponts et Chaussées, Dépannage) séier a sécher op d'Asazplaz ze kommen. Wat mir méi séier op der Plaz si wat de Leit a Nout méi séier gehollef gëtt a wat den Depannage méi séier op der Plaz ass wat d'Strooss net sou laang gespaart ass an sou sech de Stau méi séier opléist.

Link zum Thema Rettungsgasse

Share