Autobrand in Mamer

am Samstag, 30. Juli 2016 07:04.

Um Freidegowend den 29.7.2016 ass de CISMA um 21:35 Auer op een Autosbrand zu Mamer alertéiert ginn. Beim Antreffe stoung de viischten Deel vum Auto a Flamen an hunn sech ënnert dem Auto no hannen ausgebreed. No ca 20 Minutte war de Brand geläscht. Der Persoun aus dem Auto ass näischt geschitt. Op der Plaz war de CISMA mat 8 Leit a mam HLF a LF, souwéi eng Patrull vun der Police Grand-Ducale.

Share

Brand Heuballenpresse und Fahrradunfall

am Mittwoch, 13. Juli 2016 07:42.

Am 12. Juli mussten die Einsatzkräften des CISMA zu mehreren Einsätzen ausrücken. Hervorzuheben ist der Brand gegen 17.00 Uhr einer Heuballenpresse in einem Feld zwischen Mamer und Capellen. Durch das schnelle Handeln des Bauern konnte zumindest der Traktor gerettet werden. Beim Eintreffen der Feuerwehr stand die Presse bereits in Vollbrand. Gegen 20.00 Uhr mussten die Einsatzkräfte dann zu einem Fahrradunfall in Holzem ausrücken. Aufgrund der Verletzungen entschieden die Rettungsmannschaften den Notarzt als Verstärkung nachzufordern, welcher mittels Rettungshubschrauber in den Einstz kam. Parallel unterstütze der 2te Rettungswagen des CISMA das Einsatzzentrum Steinfort bei einem Verkehrsunfall auf der Autobahn A6.

 

Share

Autosbrand A6

am Mittwoch, 13. Juli 2016 07:29.

Um Sonndegmuere vum 10.7.2016 ass de CISMA géint 11 Auer op een Autosbrand op der A6 a Richtung Stad op der Héicht vun der Sortie Briddel geruff ginn. Een Auto stung do a Brand. D'Passagéier konnten sech mat Zäiten a Sécherheet bréngen sou dass kee Blesséierten ze bekloe war. Um Auto entstung Totalschued. Op der Plaz war de CISMA mat 2 Gefierer an d'Police Grand-Ducale.

Et sief drun erënnert dass bei enger Staubildung eng Rettungsgaass ze bilden ass. Dës Rettungsgaass erméiglecht de Rettungsdéngschter an all déi aner Unitéiten déi op enger Akzidentsplaz intervenéieren (Police, Ponts et Chaussées, Dépannage) séier a sécher op d'Asazplaz ze kommen. Wat mir méi séier op der Plaz si wat de Leit a Nout méi séier gehollef gëtt a wat den Depannage méi séier op der Plaz ass wat d'Strooss net sou laang gespaart ass an sou sech de Stau méi séier opléist.

Link zum Thema Rettungsgasse

Share

Traktorsbrand zu Capellen

am Mittwoch, 13. Juli 2016 07:25.

Kuerz nodeems d'Equipp mam TMF vum Sécherheetsdag vu Käerch ërem war, ass de CISMA op ee Brand (B2) vun engem Trakter op engem landwirtschaflechem Betrib geruff ginn. Ënnerstetz gouf de CISMA duerch d'Kollege vum CIS Kielen. D'Feier huet sech op den Trakter limitéiert. Op der Plaz war och eng Ambulanz vum CISMA an d'Police Grand-Ducale.

Artikel mit Fotos aus wort.lu

Share