Autobrand in Mamer

am 30. Juli 2016.

Um Freidegowend den 29.7.2016 ass de CISMA um 21:35 Auer op een Autosbrand zu Mamer alertéiert ginn. Beim Antreffe stoung de viischten Deel vum Auto a Flamen an hunn sech ënnert dem Auto no hannen ausgebreed. No ca 20 Minutte war de Brand geläscht. Der Persoun aus dem Auto ass näischt geschitt. Op der Plaz war de CISMA mat 8 Leit a mam HLF a LF, souwéi eng Patrull vun der Police Grand-Ducale.

Share